Gëtter am Asatru

Asatru ass eng Erfahrungsrelioun an domadder ass d’Liewen and d’Erliewen mat de Gëtter perséinlech an subjektiv.

Hei ass elo eng Auswiel vun de beléifsten Gëtter am Asatru. Natierlech feelen hei nach zum Beispill Gëtter wei de Bragi, Loki asw.

Odin

Odin ass d’Inspiratioun vum Dichter, Kreativitéit an d’Ekstase. Wou eppes Neies entsteet, do ass den Odin. Hien ass de Virwëtz a Persoun an iwwertrëtt all Grenzen. Wéinst senger Sich ouni Rascht no Wëssen, nennt een hien och nach de Wanderer. Dat ass awer nëmmen een vun sengen immens villen Aspekter. Fir erréngen vu Wäisheet an Asiicht, ass hien bereet Affer ze bréngen.

Thor

Thor ass den aktiven Schafer vu Fridden, deen eis mat senger Kraaft a Muecht ëmmer zur Säit steet. Hien kann net opgehalen ginn an e grousse Frënd vun de Mënschen, deen säin Hummer schützen iwwert eis hält domatt mir a Fridde liewen a wuessen kennen.

Tyr

Tyr erhält d’Gerechtegkeet an sicht den Ausgläich. Hien steet op der Säit vum Recht a schützt d’Uerdnung vun de Mënschen. Tyr ass domadder och de Gott vum gerechte Kampf.

Frigg

Frigg ass d’Fra vum Odin. Eng Mammegëttin souwéi d’Schutzgëttin vum Liewen a vum Bestietnes. Mat hirer Astellung an de Bléck fir Zukunft hält d’Frigg de Stot an och dei ganz Gemeinschaft zesummen a suergt fir. Se këmmert sech em jiddereen awer encouragéiert an dreift een dozou seng Fähegkeete voll auszenotzen.

Freya

Freya och nach Frey oder Freyja genannt ass d’Gëttin vun der Léift, Fruchtbarkeet, vum Fréijoer a vum Gléck. D’Freya verkierpert Sënnlechkeet. Hier ass kee Gefill friem. Et erklemmt d’Héichte vun der Loscht a klemmt erof bis an den Déifsten Dall vun der Trauer. Freya ass bei eise schéinsten an och schlëmmste Momenter bei eis an hëlleft.

Frey

De Frey ass de Brudder vum Freya. Hien verkierpert den ongebremste Wuesstem, deen alles spréisse léisst. Hien séint aus an ass generéis. Wann de Frey an d’Freya openeen treffen, briechen se ee Stuerm u Gefiller aus.

Heimdall

Den Heimdall ass den opmierksame Wiechter bei Dag a Nuecht a mécht just een Ae zou, wann en fir ee Moment sech ausrout. Frei warnt hie viru kommender Gefor a Konflikter. Hien ass standfest a kuckt all Gefor an d’Aen an hält hier de Bass.

Njörd

Njörd ass de Papp vum Freya an dem Frey. Hien verkierpert d’Rou. Keen Stuerm bréngt hien aus der Rou. Hien ka jiddwer Situatioun eppes Guddes ofgewannen a léiert eis ze genéissen. Roueg lenkt hien als Steiermann op stiermescher Séi. Hien ass eise sécheren Hafen, schenkt eis Wuelstand an e gudde Fank.

Sif

D’Sif ass d’Fra vum Thor. D’Sif schenkt eis Genoss a niert eis mat senge Gowen.

Idunna

Idunna gëtt eis Erneierung a schenkt eis Frëschheet. Sou wei mir all Joer fir Jul rëm d’Frëndschaft zu de Gëtter erneieren em gestäerkt a voller Hoffnung an e neit Joer ze starten.