Gëtterfester sinn ee wichtege Bestanddeel vum gelieften Asatru. Mat engem Gëtterfest si mer de Gëtter ganz no an dat net Elleng mä an der Gemeinschaft. Iwwert d’Joer verdeelt ginn et 4 Haapt Gëtterfester.

Julfest

Et war dat éischt Jul, wou den Thor bei d’Mënsche koum. An dat feiere mir. Mat de Gëtter iessen an drénke mir. Jul ass ee Gëtterfest vun der Gemeinschaft an der Gaaschtfrëndlechkeet. Ee Joer läit hannert eis a mir blécke mat Zouversiicht op dat Neit am volle Vertrauen an Gëtter. Et ass och eng Zäit vum Erzielen. De liewege Mythos vum Thor a sengem Bock deen hien mat de Mënsche gedeelt huet, erliewe mir op e neits. Den Thor ass de Frënd vun de Mënschen. Liicht vun der Gëtter déi d’Käerzen um Julkranz symboliséieren, verdreiwen dat Däischtert an eisem Liewen. Fir d’Julfest soll keen Elleng do stoen. Gemeinschaft ass alles. Mir mat de Gëtter, an d’Gëtter mat eis.

Ostara

D’Ostara erwächt duerch de Schlag vum Thors Hummer. Mir briechen zu Neiem op an eisem Liewen. Et ass eng Zäit vum Opbroch. Sief et e neie Projet, nei Aufgaben a Flichten oder Nowuess. Am Liewe fänke mir ëmmer erëm nei un. Eis Entscheedung dem Ruffen vun de Gëtter nozegoe war och een Opbroch, een Nei Ufank. Eppes Neies ass ëmmer eng Beräicherung an eisem Liewen an dowéinst loosse mir eis och dacks op eppes Neies an. Fir déi néideg Kraaft, Mutt an Ausdauer op eisem Liewenswee, stinn eis Gëtter zu Säit, sou wei se et schonn s ëmmer gemaach hunn. Mir werfen de Ostara seng Eeër an zerbriechen d’Schuel, sou wei mir och mat eppes Alem briechen, domat mir Raum fir dat Neit a Lieweges maachen.

Mëttsummer

Mir wuesse mat de Gëtter am Liewen. Zesumme feiere mir mat de Gëtter a bannen eis och op e neits un eis Gëtter.
Gëtter brénge Faarf an eist Liewen. Jiddereen huet Talenter, a mir loossen se zesumme mat hirer Hëllef. opbléien. Fir Mëttsummer feiere mir Diversitéit vun de Gëtter. Dofir gëtt ee Mëttsummerbam mat de Faarwe vun allen Gëtter gerëscht. Domadder banne mir eis erëm symbolesch un d’Gëtter. Mëttsummer ass eng Zäit voller Freed!

Karschnatzblot

D’Fruucht ass voll am Saft a mir hu Karschnatz an eisem Liewen a feiere mat de Gëtter wat mir well alles areecht hunn. Mir kucken zeréck wat mir well alles geschafft hunn, kucken op mir eis gesaten Ziler erreecht hunn. Net nëmmen um Feld gëtt et de Karschnatz mä och am Liewen. Loosst eis dese Moment genéissen, Elleng, mat Frënn a Famill an natierlech mat de Gëtter.